Schreift hei är Meenung oder Erfarung
Den B7 mat Depart an Arrivée beim Beeforter Schlass ass ee schéine Rondwee bal nëmmen duerch de Bësch. De Wee ass gutt ze goen, just um Schluss ass ee mei schwieregt Stéck laanscht/duerch d'Haupeschbaach
De Wee féiert laanscht d‘Lourdesgrotte, déi am zweete Weltkrich ee Bunker war.
Bei menger Recherche hunn ech een Interview mam Richard Sutor ( gestuerwen 5. Mäerz 2007) fonnt den d'Geschicht vun dëser Platz erzielt.
http://www.ons-jongen-a-meedercher.lu/archives/personnes/sutor-richard/videos